2.000 fräi Plazen An Honnerte vu Formatiounsofferen Freides, de 17. Mäerz 2017 am Luxembourg Congrès

Réf. 1968909 | Publiée le 06/02/2017 par Moovijob | Visiteurs : 01091
Photo 2.000 fräi Plazen An Honnerte vu Formatiounsofferen Freides, de 17. Mäerz 2017 am Luxembourg Congrès image 1/1
  • Pays / Région
    Luxembourg, Luxembourg
  • Ville / Code postal
    Luxembourg Findel Airport
  • Type de contrat
  • Temps de travail

D’Moovijob Tour Luxembourg 2017, déi 7. Editioun vum gréisste Salon vun der Aarbecht, der Formatioun an der Carrière fir Lëtzebuerg an d’Groussregioun kënnt dëse Freiden, de 17. Mäerz vun 9:30 bis 17:00 Auer erëm an de Luxembourg Congrès.

Konkret ass et DEE Salon fir all déi Leit, déi op der Sich no enger Aarbecht oder no neie professionellen Opportunitéite sinn, onofhängeg vun hirem Diplom oder Erfarungsniveau.

Wéi all Joer sinn och dëst Joer erëm all d’Aktivitéitssecteuren an d’Spezialisatioune representéiert:
- Banken / Finanzen / Assurancen,
- Informatik / Consulting,
- Handel / Distributioun / Marketing,
- Industrie / BTP,
- Servicer fir Persounen an Entreprisen,
- Gesondheet / Fleeg,
- Horeca...

Deen Dag huet all Visiteur d’Geleeënheet, seng Employabilitéit ze optimiséieren a sech als “Mark” gutt ze verkafen, andeems e Recruteuren oder Formatiounsorganisme perséinlech begéint, u Konferenzen iwwer d’Aarbecht, de Recrutement an d’Grënnung vun Entreprisen deelhëlt oder Coache begéint.

D’Entrée ass fräi a gratis fir d’Visiteuren.
Duerch d’Editioun 2016 goufe méi wéi 800 Recrutementer gemaach!

Moovijob Tour Luxembourg
17. Mäerz 2017 - vun 9:30 bis 17:00 Auer
Luxembourg Congrès
Place de l’Europe - Stad Lëtzebuerg (Kierchbierg)
Bus: Linnen 1, 13, 16 an Eurobus - Stop: Philharmonie / Mudam
Entrée fräi a gratis – Aschreiwung recommandéiert www.moovijobtour.com
Kontakt: delux.moovijobtour@moovijob.com

 Faire suivre l'annonce
 Ajouter aux favoris
 Signaler l'annonce

Contacter l'annonceur par mail

Envoyer à
Moovijob
Objet
Re: 2.000 fräi Plazen An Honnerte vu Formatiounsofferen Freides, de 17. Mäerz 2017 am Luxembourg Congrès
Moovijob professionnel inscrit le 30/01/2017
Contacter par mail